Tablett un den Ahmad (#14308)

*Déi deeglech virgeschriwwe Gebieder, zesumme mat e puer aner spezifesche Gebieder, wéi d’Heelungsgebiet, d’Tablett un den Ahmad, krute vu BAHÁ’U’LLÁH eng besonnesch Kraaft a Bedeitung. Sou sollte si ugeholl ginn. Déi Gleeweg sollte si mat festem Glawen a Vertraue liesen, dass si duerch dës Gebieder an eng vill méi enk Verbindung mat Gott kommen a sech nach méi mat Senge Gesetzer a Geboter identifizéiere kënnen. SHOGHI EFFENDI

Tablett un den Ahmad

Hien ass de Kinnek, den Allwëssenden, de Weisen!
Héier, d’Nuechtegailche vum Paradis séngt an den Äscht vum Bam vun der Éiwegkeet, mat hellegen a séisse Melodien, verkënnegt den Opriichtegen déi gutt Noriicht dass Gott nobäi ass, rifft déi, déi un d’gëttlech Eenegkeet gleewen, un den Haff an d’Géigewaart vum Generéisen, bréngt de Lassgeléisten d’Botschaft, déi vu Gott, dem Kinnek, dem Herrlechen, dem Onvergläichlechen offenbaart gouf, a leet déi Verléift zum Troun vun der Hellegkeet an zu dëser stralender Schéinheet.
A Wierklechkeet ass dëst déi allergréisst Schéinheet, déi an de Bicher vun de Gottesbueten virausgesot gouf. Duerch Si gëtt d’Wourecht vum Iertum ënnerscheet an d’Wäisheet vun all Gebot gepréift. A Wierklechkeet, ass Hien de Bam vum Liewen, deen d’Friichte vu Gott, den Allerhéchsten, de Mächtegen, de Gréissten, ervirbréngt.
O Ahmad, bezei du, dass Hie wierklech Gott ass, an dass et kee Gott gëtt ausser Him, de Kinnek, de Beschützer, den Onvergläichlechen, den Allmächtegen, an dass Deen, deen Hie virausgeschéckt huet mam Numm ‘Alí*, dee wierklech vu Gott war, un deem Senge Geboter mir eis all halen.
So: O dir Mënschen, follegt de Geboter vu Gott, déi iech am Báyan vum Herrlechen, dem Weisen, operluecht goufen. Wierklech, Hien ass de Kinnek vun de Buete vu Gott, a Säi Buch ass d’Mammebuch, wann dir et nëmme wéisst!
Esou erhieft d’Nuechtegailchen Hire Ruff un iech aus dësem Prisong. Nëmmen dës däitlech Noriicht huet Si ze iwwerdroen. Wien och ëmmer wënscht, dee soll sech vun dësem Rotschlo ewechdréien a wien och ëmmer wënscht, looss hien de Wee vu sengem Här wielen.
O dir Mënschen, wann dir dës Verse verleegent, op wéi ee Bewäis hi gleeft dir dann u Gott? Bréngt de Beweis, o Hickecht vun de Falschen!
Nee, bei Deem, an deem Senger Hand meng Séil ass, si kënnen et net a wäerten et nimools kënnen, souguer wa si sech sollten zesummendinn, fir een deem aneren ze hëllefen.
O Ahmad! Vergiess net Meng Geschenker wärend ech net do sinn. Erënner dech Menger wärend dengen Deeg, a Menger Nout a Verbannung an dësem ofgeleeëne Prisong. A sief esou standhaft a Menger Léift, dass däin Häerz net ziddert, souguer wann d’Schwäerter vun de Feinden hir Schléi op dech reene loossen an all d’Himmelen an d’Äerd sech géint dech erhiewen.
Sief esou wéi eng Feierflam fir Meng Feinden an e Floss vun éiwegem Liewe fir déi, déi Mech gär hunn, a gehéier net zu deenen, déi zweiwelen.
A wann dech Leed op Mengem Wee oder Erniddregung wéinst Menger befält, sou suerg dech net.
Vertrau Gott, dengem Gott an dem Här vun denge Pappen. Well d’Leit veriere sech op de Weeër vun der Illusioun, onfäeg Gott mat hiren eegenen Aen ze gesinn oder Seng Melodie mat hiren eegenen Oueren ze héieren. Sou hu Mir si fonnt, wéi s du et och bezeis.
Sou ass hiren Awerglawen zu Schleier ginn tëschent hinnen an hiren eegenen Häerzer, an huet si ewechgehale vum Wee vu Gott, dem Erhuewenen, dem Groussen.
Sief der dees gewëss, dass a Wierklechkeet, deen, dee sech vun dëser Schéinheet ewechdréit, sech och vun de Buete vun der Vergaangenheet ewechgedréit huet a Gott géintiwwer Stolz weist, vun Éiwegkeet zu Éiwegkeet.
Léier dës Tablett gutt, o Ahmad. Sang et wärend dengen Deeg an enthal dech net dovun. Well a Wierklechkeet huet Gott fir deen, deen et séngt, de Loun fir honnert Märtyrer an en Déngscht a béide Welte bestëmmt. Déi Gonscht hu Mir dir erwisen als en Zeeche vun Eiser Generositéit an Erbaarme vun Eiser Präsenz, fir dass du zu deene gehéiers, déi dankbar sinn.
Bei Gott! Sollt een, dee Misär oder Suergen huet, dës Tablett mat absolutter Éierlechkeet liesen, sou wäert Gott seng Trauer verdreiwen, seng Schwieregkeete léisen a säi Leed ewechhuelen.
A Wierklechkeet, ass Hien de Baarmhäerzegen, de Matleedvollen. Gelueft sief Gott, den Här vun alle Welten.
 

* DE BÁB

-Bahá'u'lláh
-----------------------

